Welt-Down-Syndrom-Tag

2024

Den 21. Mäerz feiere mir erëm de Weltdag vun de Mënsche mat Trisomie 21.

An deem Kader organiséiere mir dëst Joer op den Dag en After-Work am Restaurant Madame Witzeg, kombinéiert mam Vernissage vum Kënschtler Tom Wagener senger Billerexpo.

 

Méi Infoen iwwert den Tom Wagener an seng Konscht fann dir hei: https://tomwagener.lu/fr/a-propos-de-tom/

 

Mir hunn deen Dag och Besuch vum Amerikaneschen Embassadeur dem Här Thomas Barrett a Begleedung vum amerikaneschen Moler David Lenz.

 

Programm vum Owend:

  • 18h00: Ouverture Vernissage Expo Tom Wagener
  • 18h15: Rieden
  • 18h30: After-Work
  • 21h00: Clôture

D’Ekipp vum Restaurant Madame Witzeg offréiert e Patt an e puer exzellent Häppercher.

RSVP - Umelle kënnt Dir Iech bis den 11. Mäerz iwwer: info@trisomie21.lu