Vereinigung
Blog
04.11.2525
25 Joer Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.
Viru 25 Joer, de 27. Oktober 2000, hunn sech eng Handvoll Eltere vun engem Kand mat Trisomie 21 zesumme gedoen, an d'a.s.b.l. Trisomie 21 Lëtzebuerg gegrënnt.
Si wollten eppes änneren hei am Land. Sie wollten, dass Eltere Rot, sachlech a kompetent Informatiounen an Hëllef fannen, si wollten dass Kanner mat Trisomie 21 eng adequat medezinesch Versuergung kréien an dass Familljen hir Kanner net verstoppen, mee zesumme mat hire Kanner iwwerall hi goe kënnen, wou si wëllen. Si hunn sech laang dofir agesat, bis datt et 2007 en Changement vum Règlement Grand-Ducal betreffend d’Nomenclature vun den Orthophonisten ginn ass. Ab deem Moment huet d’Krankkeess d’Frais vun den Orthophonisten och fir Mënschen mat Beanträchtegung iwwerholl.
Awer domat net genuch, si wollten och dass d'Kanner mat Trisomie 21 genau wéi all aner Kand och, an eng Crèche, eng Maison Relais, an de Précoce, an de Fondamental goe kennen, dass si eng Ausbildung kréien a spéider eng Aarbecht kenne maachen, déi Freed mécht. D'Kanner sollten an engem Veräin kënne sinn, ouni Elteren, mat Frënn oder aleng an d'Vakanz fueren an en autonoomt Liewe féiere kënnen.
D'a.s.b.l. Trisomie 21 wollt de Bléck vun eiser Gesellschaft op Mënsche mat Trisomie 21 veränneren. An deene leschte 25 Joer hunn si vill areecht. An och no ville Verännerungen a Sensibilisatiounsaarbecht, geet d'a.s.b.l Trisomie 21 hire Wee voller Optimismus a Motivatioun weider.
De Wee vun deene leschte 25 Joer ass an enger Ausstellung "Eis Geschicht a Biller" festgehale ginn an dëst Geschicht kënnt dir bis de 27. November 2025 am Restaurant Madame Witzeg zu Bieles gesinn. Profitéiert an engems Iech kulinaresch vun eisem Team am Restaurant verwinnen ze loossen.
Fir dëse bemierkenswäerte Wee ze feieren, huet d'a.s.b.l. Trisomie 21 Lëtzebuerg de Sonnde 26. Oktober 2025 zesumme mat de Grënnungsmemberen, den aktuelle Memberen, Mataarbechter, Benevollen an dem Familjeminister Max Hahn dëse besonneschen Dag gefeiert.
En Collaboratioun mat den CFL gouf nach eng weider Sensibilisatiouns-Aktioun am Kader vum 25. Anniversaire organiséiert. Seit dem 27. Oktober 2025 fiert eng Lokomotiv am Design vun Trisomie 21 Lëtzebuerg duerch d’Land fir op dësem Wee dem Thema Trisomie 21 nach méi Opmierksamkeet ze schenken.
D’Associatioun freet sech, sech an Zukunft weiderhin aktiv an op all Niveau fir hir Memberen an d‘Mënsche mat enger Beanträchtegung am Allgemengen anzesetzen.
Foto: CFL