Association
Blog
14.08.2525
Benevolle fir eis Danzcoursen gesicht!
Mir siche Benevollen déi eis während den Danzcoursen zu Luerentzweiler ënnerstëtzen wëllen.
Du danz gären?
Du wëlls dech benevol engagéieren?
Du wëlls Mënsche mat enger Beanträchtegung ënnerstëtzen?
Du wëlls nei Erfahrungen sammelen?
Da mell dech bei eis!
Méi Infoe zu engem Benevolat an eiser Asbl fënns du hei.
D'Danzoursen sinn all Dënschdenowend vun 18.30 - 20.00 Auer.
An de Schoulvakanzen si keng Coursen.
Eisen Danzensemble heescht DreamteamT21 an ass en inklusive Groupe.
Jiddereen, ob mat oder ouni Beanträchtegung, ass häerzlech wëllkomm!
Sierf et als Benevol oder einfach als Dänzer.
Infoe zu engem aktuellen Projet vum Danzensemble fënns du hei.
Wanns du interesséiert bass oder Froen hues da mell dech hei:
Vicky SCHILTZ
Coordination service activités de loisirs
E-Mail: educ@trisomie21.lu
Tél.: +352 621 48 90 26